Lauschterwee mam Sila |
Cycle 1.2 an Cycle 2.1
Entwécklung vun der phonologescher Bewosstheet an der Virbereedung op d’Liesen- a Schreiweléieren
Entwécklung vun der phonologescher Bewosstheet an der Virbereedung op d’Liesen- a Schreiweléieren
De Lauschterwee mam Sila ass en Zousazmaterial zum Programm Phonologesch Bewosstheet mam Sila. Dëse Programm kann als PDF op der Internet-Säit sila.script.lu erofgeluede ginn.
Asazberäich
D’Aktivitéite riichte sech an der Reegel
- un d’Kanner aus dem Cycle 1.2 an dem Cycle 2.1 vun der Grondschoul
- un déi Kanner, déi am Ufank vum Liesen- a Schreiweléiere méi Schwieregkeete begéinen
Esou gëtt gespillt
De Lauschterwee mam Sila bitt 5 Spillstufen (Bild 1), déi eng no där anerer fräigeschalt ginn.
- Lauschterspiller
- Reimspiller
- Silbespiller
- Ulautspiller (mat Buschtawen)
- Lautspiller
Eng Spillstuf besteet aus zwee Lauschterweeër (Bild 2), ee Lauschterwee mat Basis-Aktivitéiten an ee mat Zousaz-Aktivitéiten.
Mat dësem interaktive Programm kritt d’Kand bei all Äntwert eng direkt Réckmeldung, ob seng Äntwert richteg oder falsch ass (Bild 3). Zum Schluss vun all Aktivitéit gesäit d’Kand dann, wéi vill vun sengen Äntwerte richteg waren. Fir d’Léierpersoun ass dës Informatioun zu all Moment an dem Kand sengem Léierstand ze gesinn (Bild 4). Hei kann och fir all Kand en individuellen Aktivitéitsplang ausgewielt ginn (Bild 5).
Wat kann ech wielen
Gewielt ka ginn tëscht
- der reng auditiver Versioun, bei där d’Kand sech ganz op d’Lauschtere konzentréiert,
an der visueller Versioun, bei där di geschwate Wierder zousätzlech mat engem Bild illustréiert ginn - der lëtzebuergescher Versioun
an der däitscher Versioun.
Wichteg: Bei iOS Geräter (iPad, iPhone) maacht w.e.g. en Update op mindestens d'Versioun 15.3.1.
Fir all Réckmeldung oder Hëllefsstellung bei technesche Froen went Iech u info@profax.ch. Fir all Fro zum Inhalt un sila@script.lu
Handbuch Deutsch